©

Will Kreutz

Maison 1 I L-9368 Folkendange

Tel.: +352 691 29 33 33

www.atypical.lu I will@atypical.lu

Well mir ons Emwelt respektéieren, gin all ons Kaffistuten mat 100% biologesch ôfbaubarem Kraftpabeier, an ganz ouni Alu-Beschichtung, produzéiert.

Pics

Certificaten

Impressum

Bestellformular

BIO Duusse Goût

BIO Voller Kraaft

BIO Espresso

Material

Kapselen

Wou Wat Wen

Genoss Pur

De Numm Will Kreutz dierft eigentlech jidderengem en Begrëff sinn, wann et ëm originell Kreatioune geet, déi ausser der üblecher Rei leien. Virun e puer Méint huet de Kreativdirektor säi „Roude Léiw Bounekaffi“ mat groussem Succès op de Maart bruecht.

 

Elo huet hien de Konzept weiderdeklinéiert an de Produit relaunched:

De „Roude Léiw Bounekaffi“ ass elo 100% bio!

 

Firwat Bio beim Kaffi? Beim Ubau vu Bio-Kaffi geet et virun allem ëm Nohaltegkeet,

de Produit soll déi natierlech Ressourcen schützen an ëmeltverträglech sinn.

Et gi streng Kritäre fir den ökologeschen Ubau, sou dass de Konsument een

top Bio-Kaffi kritt.

 

Wat sinn déi Kritären: Den Asaz vu Gentechnik ass verbueden.

Et däerfe keng chemesch-synthetesch Planzeschutzmëttelen agesat ginn.

Et gëtt op mineralesche Stickstoffdünger verzicht. Déi natierlech Ressourcen (Buedem, Waasser a Loft) gi geschützt.

Bio-Kaffi gëtt méi duuss geréischtert wéi normale Kaffi. Doduerch gi manner Batterstoffer, Säiren an dat schiedlecht Acrylamid fräigesat. De Goût vum Kaffi ass méi duuss.

 

Mat sengem duussen an awer volle Goût, senger uspriechender Verpakung a sengem typeschen onverwiesselbare Léiwe-Logo huet déi nei Bio-Produktgamme nees

all Chancen ee Renner a „must have“ ze ginn, an zwar net nëmmen bei de Lëtzebuerger Kaffisgenéisser, mee och iwwer d’Grenzen eraus.

Roude Léiw Bounekaffi 100% BIO + Fairtraide MAde in luxembourg